Fändelspill
Fändelspill
Beim Fändelspill geet ët drëm dat all Grupp probéieren muss déi géigneresch Pyramid ëmzepuchen oder hieren Fändel ze klauen.
| Katégorie: | Spill |
| Erklärungen fun der Aktivitéit: |
D'Spillfeld (Wiss oder Bësch) gëtt (siichtbar) an 2 gedeelt.

Et sinn 2 Gruppen.

Beit Gruppen maachen eng Base, wou si entweder eng Pyramide aus 3 Bengelen oder een Fändel opstellen. Ronderëm dësen Fändel soll een 5m groussen Krees gezunn ginn (gekennzeechent mat Miel, Spéin oder engem Seel).

All Grupp muss elo probéieren déi géigneresch Pyramid ëmzepuchen resp den Fändel ze klauen. D'Scouten kënnen gefaangen ginn wann si am géignereschen Deel sinn. Déi "Gefaangen" mussen sech bei d'Pyramid/ den Fändel, also an den Krees vun der Base stellen.

Kënnt een Scout an d'Base ouni ofgeschloen ze ginn, däerf hatt Pyramid ëmwerfen resp den Fändel mathuelen. Alleguer d'Gefaangen sinn elo fräi an däerfen nees an hir Hallschent.

Wann mat Fändel gespillt gëtt muss dësen, ouni am géignereschen Feld ofgeklappt ze ginn an déi eegen Base bruecht ginn.

Gewonnen huet déi Equipe déi den Fändel an d'Base bruecht huet, resp déi déi Pyramid zu Fall bruecht huet oder déi Equipe dé Geigner all gefaangen huet.

| Branche: | SC, EX, RV, TB |
| Fir Leit mat enger Behënnerung geeegent? | |
| Fir wéifill Leit? | 15 - 20 Leit |
| Wéi laang Dauert d'Aktivitéit ? | 1 Stonn |
| Wou ass d' Aktivitéit ? | Baussen - Bësch |
| Wini ass d' Aktivitéit ? | Egal |
| Wéifill Cheffen ginn gebraucht? | 2-3 Cheffen |
| Viirkenntnisser | |
| Spezialberäich | Auswielen w.e.g. |
| Waat gett fu Matérial gebraucht ? | Einfacht Matérial |
| Matérial Lëscht: | - 2 Fändelen

-Seel oder Miehl fir Base |
| Fiche Technique: | Fiche Technique - Fändelspill |