Tauschspill
Tauschspill
Bei dësem Spill geet et drëms mat Leit an Kontakt ze trieden an fir aus engem banalen Objet eppes Flottes Extraes ze tauschen.
| Katégorie: | Ënnerwee |
| Erklärungen fun der Aktivitéit: | Bei dësem Spill geet et drëms mat Leit an Kontakt ze trieden an fir aus engem banalen Objet eppes Flottes Extraes ze tauschen.
D'Ziel vum Tauschen kann am Thema vun der Aktivitéit sinn. zB fir een Gebuertsdagskado fir den Mowgli, fir d'Wierderfee dat den Dag drop gutt Wieder gëtt, fir den Piratekapitän als Schatzersatz, ....
D'Scouten kréien am Ufank een banalen Tauschgéigestand vun hiren Cheffen, wéi zB een Pack Nuesschnappecher, een Bic, ...
Si ginn a Gruppen/ Patrullen/ Sixainen agedeelt a kréien een Zäitlimitt.
D'Scouten mussen duerch Duerf / Staat goen an bei Leit schellen oder ob Platzen wéi een Buttek froen goen ob si eppes tauschen kéinten wat méi Wäert huet wei dat wat si schonn hunn.Sie duerfen awer kee Geld unhuelen et muss een Géigestand sinn.
Wann Zäit ofgelaf ass ginn ët méi Meiglechkeeten:
- Kado gëtt iwwereecht
- all Grupp wéisst wat si agetosch hunn an soen ons wat si op hirem Wee alles hatten; alternativ kënnen d'Scouten eng Tabell kréien wou si drop androen wat si getosch resp kritt hunn mat enger jeeweileger Ënnerschrëft. |
| Branche: | LX, SC |
| Fir Leit mat enger Behënnerung geeegent? | |
| Fir wéifill Leit? | > 20 Leit |
| Wéi laang Dauert d'Aktivitéit ? | 1-3 Stonnen |
| Wou ass d' Aktivitéit ? | Baussen - Staat |
| Wini ass d' Aktivitéit ? | Am Daach |
| Wéifill Cheffen ginn gebraucht? | 1 Chef |
| Viirkenntnisser | |
| Spezialberäich | |
| Waat gett fu Matérial gebraucht ? | Einfacht Matérial |
| Matérial Lëscht: | zB een Pack Nuesschnappecher |
| Fiche Technique: | Fiche Technique - Tauschspill |