Posten (BV)2

Posten (BV)2

Hei sinn Ideen fir Posten bei engem Piste Poste oder Stäreposten. Dës Posten sollen natierlech dem jeeweilegen Thema ugepasst ginn.

Katégorie:Ënnerwee
Erklärungen fun der Aktivitéit:Hei sinn Ideen fir Posten bei engem Piste Poste oder Stäreposten. Dës Posten sollen natierlech dem jeeweilegen Thema ugepasst ginn.

* Feldmaus sicht säi Partner
Déieren sinn all am Wanterschlof a léien um Buedem. Jidder Beaver kritt en Ziedel mat engem Déierennumm oder Déier drop a muss elo, nodeems de Chef Déieren am Fréijoer wakereg gemaach huet, mat Pantomime erausfannen wien säi Partner ass. Dat Ganzt ouni Sprooch a Geräisch. All Déier gëtt et zweemol.

* Rich wat’s de kanns
Mat verbonnenen Aen engem Seel nogoen an richen wat ophänkt. Um Enn vum Wee ukomm soll een déi richteg Käertchen oder de richtegen Säckelchen mam Doft huelen/fannen.

* Verzaubert Buschtawen
Ewéi 1.2.3 Piano, just dass hei d‘Buchstawen verzaubert ginn!
De Beaver dee vir steet, huet ganzt ABC am Grapp. Hien seet zb. Verzaubert ass den A a weist dëse Buschstaf.  Déi aner Beaver déi op der anerer Säit stinn, mussen kucken op se an hirem Déierennumm dëse Buschstaf dran hunn. Wann jo, dierfen se e groussen Schratt no vir goen a bei neen, bleiwen se stoen. Gewonnen ass deejéinegen, deen als éischt vir ass.
Firwat mat Käertercher? Well d’Beaver aus dem C1 vläicht nach net esou fest mat de Buschtawen vertraut si.
Branche: BV
Fir Leit mat enger Behënnerung geeegent?
Fir wéifill Leit?5 - 10 Leit
Wéi laang Dauert d'Aktivitéit ?1 Stonn
Wou ass d' Aktivitéit ?Baussen - Wiss
Wini ass d' Aktivitéit ?Egal
Wéifill Cheffen ginn gebraucht?2-3 Cheffen
Viirkenntnisser
Spezialberäich
Waat gett fu Matérial gebraucht ?Extrat Matrérial
Matérial Lëscht:P1: Déierenkärtecher

P2: Doftsäckelcher an entspriechend Kaarten

P3: Buschtawen an Deierenkärtecher mam geschriwwenen Numm
Fiche Technique:Fiche Technique - Posten (BV)2