Fann den Code

Fann den Code

Zwou Equipe spille géinteneen, an eng muss där anerer hiren Code knacken

Katégorie:Spill
Erklärungen fun der Aktivitéit:Et ginn 2 Equipe gemaach.
All Equipe kritt een Wuert, dat genau sou vill Buschtawen huet wéi Memberen an der Equipe sinn.
Dann kritt all Member aus der Equipe een Buschtaf an Indianerschrëft op den Bak gemoolt.
Dono mussen si probéieren d'Buschtawen vun der anerer Equipe eraus ze fannen andeems si probéieren déi ze liesen.
Allerdéngs dierf een säin Buschtaf virun deenen aneren verstoppen andeems een en verdeckt. Et dierf een en awer net mat sengem eegenen Kierper (Aarm, Hand) verstoppen. Et dierf een awer mam Bak widder den Buedem oder widder een anere Géigestand oder eng Persoun aus der Equipe.
Wann d'Equipe all Buschtawen huet, mussen si se nach "iwwersetzen" an d'Wuert entschlësselen.

Branche: LX
Fir Leit mat enger Behënnerung geeegent?
Fir wéifill Leit?15 - 20 Leit
Wéi laang Dauert d'Aktivitéit ?1 Stonn
Wou ass d' Aktivitéit ?Baussen - Wiss
Wini ass d' Aktivitéit ?Owes
Wéifill Cheffen ginn gebraucht?1 Chef
ViirkenntnisserNee
SpezialberäichAuswielen w.e.g.
Waat gett fu Matérial gebraucht ?Einfacht Matérial
Matérial Lëscht:- Gesiichtsfaarw

- Täscheluuchten

- Bic & Bloc
Fiche Technique:Fiche Technique - Fann den Code