Wien fäert…?

Erklärungen fun der Aktivitéit :

Een Fänkert gëtt ausgewielt. Hien stellt sech an d’Mëtt vum Terrain. Déi aner Spiller stellen sech op eng Säit vum Terrain.
De Fänkert rifft elo „Wee färt…“ (zum Beispill de Shere khan). Déi aner Spiller äntweren „Keen“. De Fänkert rifft dann „A wann e kënnt?“. D’Spiller äntweren „Da lafe mir fort“. Si lafen elo fort a probéieren op déi géinteniwwerleiend Säit vum Spillfeld ze kommen, ouni vum Fänkert gefaange ze ginn. Ween gefaange gëtt hëlleft déi Ronn dono ze fänken. Sou ginn et ëmmer méi Fänkerten an manner Spiller.

Branche:

Beaver, Wëllefcher, Scouten&Guiden, Explorer, Rover, Tembo

Fir Leit mat enger Behënnerung geeegent:

Jo

Fir wéifill Leit:

5 – 10 Leit

Wéi laang dauert d’Aktivitéit:

bis 1 Stonn

Wou ass d’Aktivitéit:

Baussen – Wiss

Wini ass d’Aktivitéit:

Egal

Wéifill Cheffen ginn gebraucht:

1 Chef

Viirkenntnisser:

Nee

Spezialberaicher:

Keen Spezialberaich

Waat gëtt fu Matérial gebraucht:

Kee Matérial

Matériallëscht:

Download Link: