Reegelen
Vir all Spill ginn eng bestëmmt Zuel un Leit no vir geruff ( aus deenen 2 Teame selwecht vill).
All Ronn gëtt en anert Spill gespillt et kritt en ëmmer sou vill Punkten déi wei villt Ronn et ass.
(1. Ronn=1 Punkt, 2. Ronn= 2 Punkten,….) Den um Schluss di meeschten Punkten huet ass gewonnen.
Spiller Beispiller: (Weivill Ronnen ët sinn hänkt vun der Dauer vun der Aktivitéit of)
1. Kichelchen vun der Stier an den Mond kréien (1vs1)
2. Kimspill, kennen Saachen 20 Sekonnen laang ukucken an dono gëtt zou gedeckt an si mussen se dono opsoen (Géigner waarden virun der Dier) (2vs2)
3. Dousen werfen all Ekipp huet 4x Schëss wenn insgesamt di meeschten geschoss kritt(2vs2)
4. Beim Kaartespill feelt eng Kaart am séiersten rausfannen wat reng feelt (1vs1)
5. Loftball tëschent den Bauch an dann en Parkour maachen (2vs2)
6. Alphabet no hannen opsoen, bei engem Feeler fänkt en rëm vun vir un (1vs1)
7. Jenga Tuerm, bei dem een fält verléiert (2vs2)
8. Kaart op di aner Säit vum Dësch blosen(1vs1)
9. een guergelt een Lidd vir an seng ganz Ekipp muss d’Lidd erroden
10. Waasser an engem Behälter an Steng dran leen bei dem wou et iwwerleeft ass verluer (5vs5)
11. Schlësselunhänger vun engem Rank op den aneren (1vs1)
12. Béierpong (2vs2)
13. Puzzel am séiersten léisen (4vs4)
14. Domino Streck an 3 Minutten opbauen, kucken wienn déi längsten huet
15. Wierfel bis de genau 50 kirss (1vs 1)
16. Bottle flip(1vs 1)
17. Sou vill Länner wie méiglech an 1er Minutt opschreiwen