Schrumpffolie Nummschëld

Bastel vun engem Nummschëld fir un den Foulard

Erklärungen fun der Aktivitéit :

Den Numm gët mat (oder ouni) Motiv (Sixainesnumm) op d’Schrumpffolie gemolt oder gefouscht.
D’Motiv gët an daer gewënschtener Form erausgeschnidden.
Nët vergiessen een Lach dranzemaachen.
Den Schäffchen op 120-140 Grad virhëtzen.
Den Pobaier verformt sech am Schäffchen an hien schrumpft zesummen.
Opgepasst: reischt aus dem Schäffchen huelen wann den Pobaier nees ganz platt ass.
Esoulaang den Pobaier waarm ass kann dësen verformt ginn.
Wann een mat Holzfaarwen gemolt huet kann/soll een d’Faarw nom Schrumpfen mat Hoerlack fixeieren.

Nummschëld ass elo faerdeg an kann mat Hëllef vun engem Rengelchen oder enger Ficelle um Foulard befestegt ginn.

Hei een klengen Video dozou wou ët gudd erklaert ass.

Branche:

Beaver, Wëllefcher, Scouten&Guiden

Fir Leit mat enger Behënnerung geeegent:

Jo

Fir wéifill Leit:

> 20 Leit

Wéi laang dauert d’Aktivitéit:

1-3 Stonnen

Wou ass d’Aktivitéit:

Bannen

Wini ass d’Aktivitéit:

Am Daach

Wéifill Cheffen ginn gebraucht:

1 Chef

Viirkenntnisser:

Nee

Spezialberaicher:

Keen Spezialberaich

Waat gëtt fu Matérial gebraucht:

Extrat Matérial

Matériallëscht:

– Schrumpffolie
– Holzfaarwen/ Tuschen
– Hoerlack
– Backpobaier
– Locher
– Rengelcher
– Schäffchen

Download Link: